Offers “Ernst & Young”

Expires soon Ernst & Young

Junior Auditeur (m/w) ab September 2018

  • Luxembourg (Ville de Luxembourg)
  • Accounting / Management control

Job description

EY ass eng global Firma, déi an den Beräicher Advisory, Assurance, Tax an transaction services täteg ass. Mir setzen eis an, fir eisen Client'en ze hëllefen hiert Potential ze erreechen. Zesummen deelen mir déi selwecht Valeuren fir eisen Clienten een exzeptionnellen Service ze offréieren.

EY ënnerstëtzt dech däin Potential ze erreechen egal wou's du ob der Welt bass – perséinlech an och professionell. Eis Equipe bidd dir Experienzen, an hellt dech motivéiert duerch seng Unzuel vun renomméierten Firmen mat deenen mir zesummeschaffen. Niewent dem Job an dem du perséinlech Responsabilitéit muss iwwerhuelen, ënnerstëtzt EY dech an dengem professionellen Developpement. Mir bidden dir Flexibilitéit an dengem perséinlechen Planning fir dass du entscheeden kanns wat wichteg ass, privat mee och professionell. Dein Point de vue, deng Energie an Enthusiasmus sinn déi Valeuren dei bei eis den Ënnerscheed maachen.

Den Audit Département gëtt Organisatiounen an hiren Investoren d’Vertrauen, dass d’Publikatioun vun hirem Resultat der tatsächlecher Situatioun vun der Firma entsprécht. Auditeur bei EY, heescht schaffen an engem performanten Team wat sur-mesure op d’Attente vun senge Client’en zesummegestallt gëtt. Doduerch leiers du däin Potential ze developpéieren, egal wou’s du ob der Welt ënnerwee bass . Komplex Sujeten ginn vun enger Equipe vun Spezialisten traitéiert déi dech entouréieren an zesummen mat dir Léisungen fir den Client fannen.

Fir eis Equipp am Audit Departement ze vergréisseren rekrutéieren mir vun September 2017 un.

Bass Du interesséiert fir een internationalen Betrib ze schaffen? EY Lëtzebuerg sicht ab September 2018 Verstäerkung fir säin Assurance Departement:

 

Junior Auditeur (m/w)

 

Eng Carrière bei EY Lëtzebuerg gëtt Dir d’Geleeënheet:

·  Audit Missiounen ze geréieren an den verschiddenen Industriesecteuren: Kommerziell & Ëffentlech Entreprisen, Telecom, Medien & Technologie, Fonds d’investissement, Assurancen, Banken, Private Equity an Real Estate
·  Een ëmfangräichen an professionellen Training an Coaching ze erliewen fir technesch Fäegkeeten ze entwéckelen
·  Een professionellen Certificat ze kréien (ACCA/IRE)
·  A Kontakt mat den Cliente ze sinn an déi néideg Daten an Informatiounen ze sammelen, Audit Dossiere oprecht ze halen, Leads ze preparéieren, etc.
·  Verantwortung z’entwéckelen wat Projete ugeet an dat schon am Ufank vun Denger Carrière
·  Een staarken Entrepreneur’s Geescht z’entwéckelen an deng Kreativitéit ze benotzen fir ons Geschäft weiderzebréngen
·  Däin Horizont z’erweideren andeem’s Du an engem internationalen Environnement schaffs mat Leit aus iwwer 55 Länner….an nach vill méi!

 

Fir dech kennen an eis Equipe z’intégréiren, solls Du:

·  Een Master Titel hun mat enger Spezialisatioun am Audit, an der Finanz, an der Ekonomie oder an der Comptabilitéit
·  Fléissend Englesch schwätzen. Franséisch, Däitsch an all weider Sprooch as een Virdeel
·  Weisen, dass Du effektiv kommunizéieren kanns an een Team Player bass
·  Organiséiert, flexibel an fäeg sinn, un e puer Dossiere gläichzäiteg ze schaffen
·  Staark analytesch Fäegkeeten hun

 

Are you ready to start building a better working world with us?

Make every future a success.
  • Job directory
  • Business directory